Musek mam Theater ze verbannen ass meng Passioun! Ech komponéiere
Museken als Hannergrondmusek fir Theaterstécker, Kabarä oder Ballet. Meng
Museke woren nieft den Theateren zu Lëtzebuerg zu Paräis, Avignon, Poznan,
Berlin, Creil, Nice, Tréier, Saarbrécken…., ze héieren. Eise Musical fir Kanner
“Minotorro” ass Méint laang zu Poznan (Polen) vum Theater Wielki opgefouert
ginn. Ech sinn zwar Autodidakt an Amateur, awer ech sinn ëmmer vun de
professionelle Leit aus dem Theatermilieu wonnerbar opgeholl ginn. Ech hu mäin
eegenen Tounstudio, an deem ech direkt kann ophuele wat mir esou an de Kapp
kënnt. Muenche bekannte Kabarä-Song staamt aus menger Fieder. Mam Lidd
“De frustréierte Cabaretsmuseker” krut ech 1988 op der „Nuit des Cabarets“ am
Kapuzinnertheater den Tun Deutsch an de Putty Stein Präiss. 1992 hunn ech
d’Musek zum Freedefeier op Nationalfeierdag komponéiert.
No 50 Joer Musek fir d’Bühn duecht ech, ech misst elo och emol eng
Houmpéitsch kréien! Abee hei ass se! Si ass selwer gebastelt an am
Hannergrond ass mäi Bart ze gesinn. Et gëtt Leit déi nennen dat Webdesign.
Moien
© Balli Baldauff 2019
Musician & Recording Studio