Karikatur Carlo Schneider
D’Musek ass e schwéiert Instrument
Vita
Balli Baldauff
Moien
© Balli Baldauff 2023
Musician & Recording Studio
Musek mam Theater ze verbannen ass meng Passioun! Ech komponéiere Museken als Hannergrondmusek fir Theaterstécker, Kabarä oder Ballet. Meng Museke woren nieft den Theateren zu Lëtzebuerg zu Paräis, Avignon, Poznan, Berlin, Creil, Nice, Tréier, Saarbrécken…., ze héieren. Eise Musical fir Kanner “Minotorro” ass Méint laang zu Poznan (Polen) vum Theater Wielki opgefouert ginn. Ech sinn zwar Autodidakt an Amateur, awer ech sinn ëmmer vun de professionelle Leit aus dem Theatermilieu wonnerbar opgeholl ginn. Ech hu mäin eegenen Tounstudio, an deem ech direkt kann ophuele wat mir esou an de Kapp kënnt. Muenche bekannte Kabarä-Song staamt aus menger Fieder. Mam Lidd “De frustréierte Cabaretsmuseker” krut ech 1988 op der „Nuit des Cabarets“ am Kapuzinnertheater den Tun Deutsch an de Putty Stein Präiss. 1992 hunn ech d’Musek zum Freedefeier op Nationalfeierdag komponéiert. No 50 Joer Musek fir d’Bühn duecht ech, ech misst elo och emol eng Houmpéitsch kréien! Abee hei ass se! Si ass selwer gebastelt an am Hannergrond ass mäi Bart ze gesinn. Et gëtt Leit déi nennen dat Webdesign.